Dat geet aus engem Bréif vum Generalvikar Patrick Müller un de Chamberspresident Claude Wiseler ervir, deen eis virläit. De Weibeschof a Generalvikar Leo Wagner wäert zesumme mam Ökonom Marc Wagner d’kathoulesch Kierch an der Spezialkommissioun vertrieden.
D‘Caritas wäert iwwerdeems de 26. Februar an der Kommissioun aussoen. Dat huet de Kommissiounspresident Charel Weiler haut matgedeelt.
D‘Spezialkommissioun soll Liicht an de Finanzbedruch vu bal 61 Milliounen Euro bei der Caritas bréngen. D'Sue konnte bis haut net recuperéiert ginn.