Radioen

On air

Moiesstudio  |  Metro - She Went Under

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Marc Crochet demissionéiert als Generaldirekter vun der Fondatioun Caritas

Finanzbedruch bei der Caritas

Marc Crochet demissionéiert als Generaldirekter vun der Fondatioun Caritas

De Marc Crochet huet als Generaldirekter vun der Fondatioun Caritas demissionéiert. Dat een halleft Joer nodeems de Finanzbedruch vun 61 Milliounen Euro bei der Caritas opgeflunn ass. Dat krut de radio 100,7 confirméiert, nodeems reporter.lu et gëschter, Méindegowend, als éischt gemellt hat.

auto_stories

1 min

De Marc Crochet huet d'lescht Woch gekënnegt, kuerz éier hien no 26 Woche Krankeschäin hätt kënne wéinst Faute grave vun der Fondatioun entlooss ginn.

Bei der inculpéierter Finanzdirektesch sinn déi sechs Méint, no deenen ee wéinst Faute grave kann entlooss ginn, elo ëm. An dësen Deeg kläert sech also, wéi et mat hir weider geet. 

Déi aner zwee Direktiounsmembere vun der Caritas, den Direkter vun den Operatiounen an d'Direktesch vun de Ressources humaines, haten hire Laangzäit-Krankeschäin ofgebrach a kruten dowéinst scho gekënnegt.

De Finanzbedruch war de 16. Juli opgeflunn. D'Finanzdirektesch hat wärend fënnef Méint 61 Milliounen Euro an d'Ausland iwwerwisen. Si argumentéiert, si wier vun engem kriminelle Reseau erageluecht ginn. De gréissten Deel vun de Sue konnt bis haut net recuperéiert ginn.