Radioen

On air

Concert  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

article

article

/ Kritesche Spezialrapport vum Rechnungshaff: Problemer beim "Large-Scale-Testing"

Test-Campagne wären der Pandemie

Kritesche Spezialrapport vum Rechnungshaff: Problemer beim "Large-Scale-Testing"

D’Cour des Comptes huet eng Rei Problemer bei ënner anerem den Ausgaben a bei den Ausschreiwunge vum "Large Scale Testing". festgestallt. Déi dräi Phase vun dëser grousser Test-Campagne wärend der Corona-Pandemie hunn am Total iwwer 130 Milliounen Euro plus TVA un ëffentleche Sue kascht. 

auto_stories

1 min

D’Vertrieder:inne vum nationale Rechnungshaff hunn der Budgetskontrollkommissioun de Méindegmëtteg den éischten Deel vun hirem kritesche Spezialrapport presentéiert. No der Sitzung huet den DP-Deputéierten an Dokter Gérard Schockmel festgestallt, datt d'Suen "eigentlech zur Fënster eraus geheit gi sinn." 

Ausso lauschterenplay_arrow

Den LSAP-Deputéierte Franz Fayot huet déi Analys net gedeelt. D’Cour des Comptes hätt eng Rei handwierklech Feeler festgestallt, huet de fréiere Wirtschaftsminister Franz Fayot awer zouginn.

Zum Deel wiere Sue bezuelt ginn, ouni datt objektiv konnt iwwerpréift ginn, datt PCR-Tester effektiv gemaach goufen, esou d’CSV-Deputéiert Stéphanie Weydert.

"Mir sinn am Ufank vun enger Affär", ass d’Meenung vum ADR-Fraktiounschef Fred Keup.

Et wier "relativ vill Chaos beim Large Scale Testing" gewiescht, seet den Deputéierte vun der Piratepartei Sven Clement.

D’Suite vun der Presentatioun vum Spezialrapport ass den 10. Mäerz an der Chamber.