Radioen

On air

One World  |  Spring Time

play_arrow Live
arrow_back_ios

article

article

/ Polindex: Iwwer d'Hallschent vun de Bierger:inne si mësstrauesch géintiwwer der Politik

Etüd Polindex 2024

Polindex: Iwwer d'Hallschent vun de Bierger:inne si mësstrauesch géintiwwer der Politik

77 Prozent vun de Lëtzebuerger:innen an 69 Prozent vun den net-Lëtzebuerger:inne sinn zefridde mat eiser Demokratie. Dat geet aus der Etüd Polindex 2024 iwwert den Zoustand vun der Demokratie ervir. Déi gouf am Dënschdegnomëtteg an der Chamber presentéiert.

auto_stories

1 min

Allerdéngs mengt méi wéi d’Hallschent vun den 18 bis 24-järegen net-Lëtzebuerger:innen, datt d’Demokratie net déi bescht Regierungsform ass. 35 Prozent vun de jonke Lëtzebuerger:inne sinn och där Meenung.

Donieft si 54 Prozent vun all de Bierger:innen der Politik géintiwwer mësstrauesch agestallt.

Den CSV-Chamberpresident Claude Wiseler nennt déi Zuelen de Mëtte beonrouegend. Den éischte Bierger vum Land seet sech als Politiker doduerch responsabiliséiert. Elo misst ee mat der nächster Etüd méi an d’Déift goen, fir genee ze wëssen, firwat dat sou ass. Fir de Claude Wiseler ass dat doten allzäit en Appell un d’Politik, fir sech Froen ze stellen.

Ausso lauschterenplay_arrow