Radioen

On air

9 bis 1  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

article

article

/ Pascal Ricquier: “D’CGFP hat keng Plaz mee den OGBL schonn”

Wale fir d'Staatsbeamtekammer

Pascal Ricquier: “D’CGFP hat keng Plaz mee den OGBL schonn”

Bei de Sozialwalen am ëffentlechen Déngscht am Mäerz kandidéiert de fréiere President vun der Policegewerkschaft Pascal Ricquier bekanntlech fir den OGBL, a net fir d‘CGFP an dat obwuel hien zënter laangem am Exekutiv-Kommitee vun der Staatsbeamtegewerkschaft ass.

auto_stories

3 min

headphones

16 min

play_arrow

Lauschterenplay_arrow

De Pascal Ricquier mécht kloer, hien hätt net mat der CGFP gebrach, elo géif et ëm d’Wale goen. De Pascal Ricquier, dee schonn zënter 10 Joer Member an deem Gremium ass, erkläert datt hien net méi vun der Staatsbeamtegewerkschaft gefrot gi wier fir op en Neits ze kandidéieren.

Hien weist sech am 100,7-Interview doriwwer enttäuscht. Seng Roserei géif awer net géint de Romain Wolf goen, dee fir d’CGFP kandidéiert, mee géint de Christian Schleck, de President vun der Arméisgewerkschaft. De Christian Schleck hätt dem Pascal Ricquier seng Plaz am Bureau executif kritt an hie géif do e “komescht Spill spillen”, seet de Pascal Ricquier.

Iwwerzeechten OGBL-Vertrieder?

“(..) Well iergendwann gesot ginn ass, et sinn nëmmen zwou Plazen, do keng dräi, an do huet de Christian Schleck decidéiert, datt hie selwer dann do soll drakommen an de Marco Richard vun der Police.”

De Pascal Ricquier wier vum Christian Schleck ausgeschloss ginn.

Am Mäerz kënne ronn 60.000 Staatsbeamtinnen- a beamten wiele goen. Ob si do mam Pascal Ricquier en iwwerzeechten OGBL-Vertrieder wielen, dat kann ee wuel net esou soen. Dem Pascal Ricquier géif et virun allem drëm goe bei de Walen dobäi ze sinn. Et wier e kuerzfristege Choix fir den OGBL gewiescht, mee deen hätt gepasst, sou heescht et am 100,7-Interview.

Manner Chancë fir den OGBL, wéi fir d’CGFP gewielt ze ginn

“Ech mengen ech hu keng Plaz kritt an der CGFP, mee ech hunn eng Plaz kritt am OGBL. Et geet hei drëms, fir an deem Gremium do dran ze sinn an do kënnen Avisen zu de Projet de loi kënnen ze schreiwen. Well herno, wann een an deem Gremium drasetzt, ass et am Fong egal, vu wou een hierkënnt. Mir schaffen alleguerten an déi selwecht Richtung do. Do gëtt net gekuckt ass deen elo vun do oder vun do.”

An der Policegewerkschaft gouf viru Kuerzem d’Presidentin Marlène Negrini vun hirem eegene Comité ofgewielt. Si selwer huet vun engem Putschversuch geschwat. De Pascal Ricquier fënnt si géif him elo an de Réck falen.

Staark Virwërf géint fréier Presidentin vun der Policegewerkschaft

De pensionéierte Pascal Ricquier behaapt, hie wier vu Leit aus dem Conseil d’administration ugeruff ginn an ëm Hëllef gebiet ginn.

“Souguer am Comité ass Fro gestallt an unanime beäntwert ginn: Keen hätt e Problem, wann ech géif zeréckkommen. Mee zeréckkommen heescht, datt ech gesot hunn, wann ech gewielt ginn, hätt ech och gär de Presidenteposten zeréck.”

Och hei seet de Pascal Ricquier d’Marlène Negrini hätt “e komescht Spill gespillt”. Si hätt probéiert Afloss op d’Walen ze huelen: Si hätt wéilte verhënneren, datt de Pascal Ricquier bei de Walen hätt kéinte matmaachen an deem d’Statute geännert gi wieren.

“Déi Statutenännerung soll virgesinn, datt engersäits all Pensionär, fir kënnen einfach Member am SMPGL ze sinn, muss vum Conseil d'Administratioun validéiert ginn, wat bis elo ni war. Dat heescht, datt e Pensionär net méi ka President ginn.”

De Pascal Ricquier war um Dënschdegmoien Invitée vum Dag. Reaktioune vun der Géigesäit ginn et zu dësem Ament nach net.