21 Persoune wiere momentan wéinst enger Infektioun mam Coronavirus am Spidol, fënnef op der Intensivstatioun, sou Xavier Bettel. Dës fënnef Persoune wieren alleguer net geimpft. 80 Prozent vun de Leit, déi aktuell am Spidol sinn, wieren iwwerdeems och net geimpft. Doru kéint een erkennen, datt d'Impfung wierkt, sou de Xavier Bettel.
Coronavirus: Liicht Hausse wéinst Vakanzeretouren
Am Moment géif et an der Moyenne ëm déi 70 Neiinfektiounen den Dag zu Lëtzebuerg ginn, wat enger liichter Hausse entsprécht. D'Vakanzeretoure géife mëttlerweil och ufänke sech bemierkbar ze maachen. D'Zuel vun den deeglechen Tester hätt sech an der Moyenne tëscht 4.000 a 5.000 Tester agependelt, den taux de positivité géif weider ënner zwee Prozent leien. D'Delta-Variant vum Coronavirus wier zu Lëtzebuerg wieder majoritär. D'Situatioun an den Altersheemer beschreift de Premier als "roueg". Dat wéinst der Impfung an de Schnelltester, déi an dësem Beräich agesat ginn.
D'nächst Woch géif hien zesumme mat der Gesondheetsministesch méi detailléiert op d'Corona-Situatioun agoen an och en neie Covid-Text presentéieren. Zil wier et weider fir déi individuell Fräiheete géint Restriktiounen ofzeweien.
D'Impfoffer soll weider ausgebaut ginn
Nieft dem Impfbus, kéint ee sech mëttlerweil och bei 229 Hausdokteren impfe loossen. Fir den Hierscht géif een och mat "Galeries marchandes" u Konzepter schaffen fir och do eng Impfoffer ze lancéieren. Mat der Administratioun vun der Aarbechtsmedezin géif een och un enger Offer schaffe fir Leit a groussen Entreprisen ze impfen. Et géif Iwwerleeunge ginn, fir am Hierscht och méi op Antikierpertester ze setzen. Dës Iddi misst awer fir d'éischt op europäeschem Plang koordinéiert ginn. D'Regierung géif am Moment och nach op Recommandatioune vum Conseil Supérieur des Maladies Infectieuses (CSMI) waarden. Beispillsweis wat eng drëtt Impfung ugeet.
Héichwaasser: D'Regierung verduebelt déi finanziell Hëllef
De Klimawandel wier och zu Lëtzebuerg eng Realitéit, sou de Premier. Extreem Wiederphenomener géife sech heefen, och wann et schwéier wier, fir en direkte kausalen Zesummenhang tëscht dem Klimawandel an den Evenementer ze maachen. D'Regierung wéilt no dem leschten Héichwaasser awer reagéieren a Verbesserungen op de Wee bréngen. Dofir géif den Haut-Commissariat à la protection nationale (HCPN) momentan un engem Rapport schaffen, dee Pistë soll opzeechnen, wéi een an Zukunft an esou Situatioune besser reagéiere kéint. An zwou Woche wéilt de Premier méi am Detail iwwer Verbesserunge kommunizéieren.
Et soll an Zukunft zum Beispill méiglech sinn, fir Leit an enger spezifescher Regioun iwwer de sougenannte Cell Broadcast ze warnen.
Weider schwiereg Situatioun an Afghanistan
"Ech si ganz erliichtert dat déi betraffe Persoune mat Lien zu Lëtzebuerg elo an Europa a Sécherheet sinn", sou de Premier Xavier Bettel am Briefing nom Ministerrot. Elo wier déi europäesch Solidaritéit gefrot fir déi Leit opzehuelen.
Zur Situatioun am Afghanistan sot de Premier ënnert anerem, datt weider Evakuatioune vu Leit aus Kabul wäerte schwéier ze realiséiere sinn, well vill europäesch Länner plange sech an dësen Deeg vun der Plaz zréck zéien.
An Afghanistan hätt déi international Communautéit versot, sou de Premierminister. Elo hätten 10.000 Mënschen eng ongewëss Zukunft viru sech. Hie kéint net garantéieren, datt all d'Persounen, déi e Lie mat Lëtzebuerg hätten elo a Sécherheet wieren, dës solle sech sou séier wéi méiglech manifestéieren, sou de Xavier Bettel.
D'G7-Staategrupp géif momentan u Léisunge schaffen an och Lëtzebuerg misst säin Deel vun der Responsabilitéit iwwerhuelen.