Radioen

On air

Espresso Beats  |  Totally Enormous Extinct Dinosaurs - When The Lights Go

play_arrow Live
arrow_back_ios

article

article

/ Iechternach a Jonglënster net prett fir Augmentatioun vu Better fir Refugiéen

Asylpolitik

Iechternach a Jonglënster net prett fir Augmentatioun vu Better fir Refugiéen

Zu Iechternach an zu Jonglënster sollte weider Better fir Refugiéë geschaf ginn. Dofir wier een a Gespréicher mat de Gemengeverantwortlechen, hat den Ausseminister Jean Asselborn d’lescht Woch annoncéiert. D’Buergermeeschtere vu béide Gemenge maachen sech awer Gedanken iwwert déi logistesch Erausfuerderunge vun esou enger Augmentatioun.

auto_stories

2 min

headphones

3 min

play_arrow
D'Gemengenautoritéiten zu Iechternach wieren net am Bild doriwwer, wat geplangt wier. (Foto: picture-alliance / Romain Fellens | Romain Fellens)

Eng 80 Refugiéeë sinn den Ament am fréieren Euro-Hotel zu Gonnereng ënnerbruecht. 100 Better sinn et am Ganzen. Scho virun engem Mount hätt den Office national de l’Accueil, deen d’Struktur geréiert, ugefrot, fir déi Unzuel op 150 erop ze setzen.

“Net ze vill Drock op d’Schoulen”

Domat wier de Gemengerot vu Jonglënster awer net averstane gewiescht, erkläert den DP-Buergermeeschter, Ben Ries. Et wéilt een deene Persounen adequat Liewenskonditioune kënne bidden, an dofir wéilt een d’Capacitéiten am Gebai net bis op e Maximum ausreizen. Och iwwert den Hébèrgement eraus, ginn et logistesch Hürden.

“Mir mussen awer och kucken, datt mer net ze vill Drock op d’Schoule kréien. Dofir hu mer och scho mat hinne geschwat, datt mer d’Schoul zu Gonnereng, dat ass déi déi a Fro géif kommen, datt mer déi net iwwerausreizen, well och do sinn ons Plaze relativ limitéiert, well mer do keng onendlech grouss Infrastrukturen de Moment hunn.”

De Ben Ries wëll am Gemengerot elo proposéieren, fir an der Struktur op 125 Better eropzegoen, also just d’Hallschent vun deem wat den ONA gefrot huet. Dat wier bannent kuerzer Zäit an ouni gréisser Ëmbauaarbechte machbar. Um Enn léich déi definitiv Decisioun doriwwer läit awer beim Proprietär vum Hotel.

Gemeng Iechternach anscheinend net am Bild

Dat ass och de Fall am Grand Hôtel zu Iechternach. D’Gemengenautoritéite wieren hei iwwerdeems iwwerhaapt net am Bild, wat genee geplangt wier, kritiséiert d’DP-Buergermeeschtesch, Carole Hartmann, op eis Nofro. Scho virun engem Mount hätt ee méi Informatioune beim ONA ugefrot.

Op eng Äntwert géif d’Gemeng bis haut waarden. D’Carole Hartmann beschäftegt selwer och, grad wéi de Ben Ries, d’Fro, wéi ee méi Kanner sollt an der Schoul ënnerkréien.

“Am Moment hu mer déi Capacitéiten net. Dofir hätte mir gäre méi Informatiounen, wat mer mussen änneren an adaptéieren. Well ech soe mol, wa ronn 80 Zëmmer bäikommen, oder 60, ech weess net wéi vill et der solle sinn, an dat si Famillje mat jeeweils engem oder zwee Kanner. Ma dat ass enorm fir eng Schoul wéi eis.”

No der Pressekonferenz vum Ausseminister de leschte Freideg, hätt d’Gemeng op en Neits méi Informatioune beim ONA ugefrot. Bis elo allerdéngs ouni Retour.

Lauschterenplay_arrow

Aktualitéit
Politik a Gesellschaft
Noriichten