Radioen

On air

Notturno  |  Triana Y Luca - Malinche

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Anne-Marie Yim huet op Konferenz selwer antisemittesch Verschwierungstheorie verbreet

ADR International

Anne-Marie Yim huet op Konferenz selwer antisemittesch Verschwierungstheorie verbreet

Et ginn nei Detailer iwwert eng ëmstridde Konferenz, déi eng Sektioun vun der Oppositiounspartei ADR virun néng Méint organiséiert huet. Anescht wéi bis elo ugeholl, huet déi deemoleg Vizepresidentin vun ADR International net just déi franséisch rietsextrem Civitas op déi Konferenz invitéiert, mee d’Anne-Marie Yim huet selwer op där Konferenz antisemitesch Verschwörungstheorië verbreet.

auto_stories

2 min

An dat a Presenz vum ADR-Vizepresident Dan Hardy an dem Deputéierte Fernand Kartheiser. E Video, deen eis virläit, dokumentéiert d’Ried vun der Anne-Marie Yim vum 18. Januar. Bis elo war just gewosst, datt d’Anne-Marie Yim de President vun der rietsextrem Civitas invitéiert hat, an datt d’Anne-Marie Yim schonn am Ausland antisemitesch Verschwörungstheorië ronderëm d’Coronapandemie verbreet hat, mee nach net, datt si selwer eng Ried op der ADR-Konferenz gehalen huet mam selwechten Inhalt.

Een neie Video weist elo, datt d’Anne-Marie Yim och bei der ADR-Konferenz eng zwanzeg Minutte laang Ried gehalen huet. An där widderhëlt se déi relevant Sätz vum November Wuert fir Wuert: d’Pandemie wier vun enger dubiéiser Minoritéit geplangt gewierscht, fir d’ Welt ekonomesch, politesch a finanziell ze dominéieren. Och hei bezitt si sech op d’Protokolle der Weisen von Zion, engem antisemittesche Pamphlet, op dat sech d’ Nationalsozialisten an hirer Propaganda bezunn hunn.

Ried vun der Anne-Marie Yim aus Video erausgeschnidden

De scho bekannte Video vum Owend gouf um Youtube-Account vun der ADR-Politikerin Sylvie Mischel publizéiert. An deem Video ass d’Ried vun der Anne-Marie Yim awer erausgeschnidde ginn. De Video spréngt no der Begréissung vum ADR-Vizepresident Dan Hardy direkt op d‘Umoderatioun vum Fernand Kartheiser, nodeems dann den invitéierte Christian Perrone schwätzt.

De Fernand Kartheiser wollt kee Kommentar ofginn

De Fernand Kartheiser hat rezent géigeniwwer RTL gesot, hien hätt näischt vun der antisemittescher Ried vum Anne-Marie Yim gewosst, déi se lescht Joer bei Civitas gehalen huet. Sou bal ee kloer Beweiser fir Antisemitismus hätt, géif d’Partei der Saach op de Grond goen. Déi nei Informatioun, datt hie wärend der Ried vun der Anne-Marie Yim am Sall war, wollt de Fernand Kartheiser haut net kommentéieren.

 

Aktualitéit
Chamberwalen 2023
International
Politik a Gesellschaft
Noriichten