Radioen

On air

Notturno  |  Björk - Aurora

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Iwwer e Faux-pas kuerz virum Walsonndeg

Party vum Marc Giorgetti

Iwwer e Faux-pas kuerz virum Walsonndeg

De Promoteur Marc Giorgetti huet kuerz virun de Chamberwalen eng 150 Gäscht op eng privat Party invitéiert, dorënner och Politiker vun DP, CSV, LSAP an déi gréng. De Luc Frieden (CSV) ass den eenzege Spëtzekandidat, deen d'Invitatioun ugeholl huet. An dat seet eppes doriwwer aus, wéi de Luc Frieden sech selwer gesäit. E Kommentar.

auto_stories

2 min

De Xavier Bettel (DP) war net op der Party mee mir wëssen net ob en invitéiert war, d'Paulette Lenert (LSAP) war invitéiert an huet ofgesot, d'Sam Tanson (déi gréng) war guer net invitéiert. Den Eenzegen nationale Spëtzekandidat, deen invitéiert war an och ugeholl huet, war de Luc Frieden (CSV).

Just e Privatowendiessen?

Wann de Luc Frieden gutt berode wier, hätt een him geflüstert, datt ee kuerz virun de Walen net op esou eng Party geet. Als Spëtzekandidat, dee Chancen huet an déi nächst Regierung ze kommen oder souguer Staatsminister ze ginn, kann een an der Ëffentlechkeet eben net einfach no de Büroszäiten de Knäppchen drécken, a just nach zur Privatpersoun ginn.

Do sinn d'Äntwerte vum Xavier Bettel a vum Luc Frieden op eis Ufroe fir eng Stellungnam deplacéiert. De Xavier Bettel seet, hie géif säi privaten Agenda net kommentéieren, an de Luc Frieden seet, iwwer "Privatowendiessen, wou hie mat senger Fra gaangen ass", géif hie kee Commentaire oder Interview ginn. Béid Persoune sinn op engem Evenement mat 150 Gäscht net just Privatpersounen.

De Kandidat vun de Wirtschaftsmilieuen

Datt de Luc Frieden sech ënnert déi auserliese Gäscht gemëscht huet, weist, datt hie sech an deene Sphäre wuel spiert. An datt hien och kee Geheimnis doraus mécht, datt hien de Kandidat vun de Wirtschaftsmilieuen ass, déi es sat sinn, datt déi d’Regierungen ëmmer nees och de Gewerkschaften, dem Drock vun der Strooss oder méi wirtschaftskritesche Stëmmen noginn.

De Luc Frieden war President vun der Chambre de Commerce bis hien decidéiert huet, den Challenge vun der Spëtzekandidatur unzehuelen. Hie war virdrun op der Finanzplaz aktiv, wou hie besser verdéngt huet, wéi wann hien an der Chamber op der Oppositiounsbänk gesiess hätt. Dowéinst gesäit de Luc Frieden och kee Probleem, wann hie sech moies virun der Press fir Mesurë staark mécht, déi mol net a sengem Walprogramm stinn (zäitlecht Eropsetze vu steierleche Virdeeler vir Investisseuren am Logement) an dann owes mat engem vun de gréisste Promoteure feiert, dee sech als President vum Groupement des Entrepreneurs fir déi selwecht Mesure asetzt.

Dat alles ass kee Skandal, lo wou et an der Ëffentlechkeet ass. Dat nennt ee ganz einfach Transparenz. E Faux-pas ass et just fir d'Strategie vum Luc Frieden, deen déi lescht Méint ganz vill an den "neie Luc", wéi de Xavier Bettel hien nennt, investéiert huet. 

Aktualitéit
Chamberwalen 2023
Politik a Gesellschaft
Noriichten