Radioen

On air

Notturno  |  The Velvet Underground & Nico - Sunday Morning

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ De Mouvement Ecologique presentéiert seng Analys am Virfeld vun de Chamberwalen

Gesellschaft

De Mouvement Ecologique presentéiert seng Analys am Virfeld vun de Chamberwalen

Dem Mouvement Écologique feelt et a verschiddene Walprogrammer u konkrete Mesurë fir eng nohalteg Transitioun. Dat geet aus der Analys vun de Partei-Programmer ervir, déi de Mouvement am Hibléck op d‘Chamberwale presentéiert huet.

auto_stories

2 min

headphones

2 min

© Chris Zeien play_arrow
D'Blanche Weber ass Presidentin vum Mouvement Écologique.

Am LSAP-Walprogramm géifen aus ekologescher Siicht déi richteg Reflexioune gemaach ginn. D‘Presidentin vum Mouvement Écologique, Blanche Weber, gesäit awer ee Problem.

"Dat ass, datt sech déi Analys do, wou och Instrumenter ugerass ginn, muss een éischter soen, sech net an deem Ausmooss an eisen Aen an de Moossname rëmspigelt."

Konkret Propose vermësst de Mouvement och bei de Piraten a bei Fokus.

Geet den DP-Programm fir d'Transitioun duer?

D’DP dogéint hätt vill a ganz detailléiert Moossnamen am Walprogramm stoen. Et géif awer zu engem groussen Deel op Ureizer an eng fräiwëlleg Basis gesat ginn. 

Iwwerrascht weist sech d’Blanche Weber doriwwer datt d’Biodiversitéit an de Klima net als Prioritéit genannt ginn. Dofir wier et och net kloer, ob de Programm vun der DP an där Form duergeet fir d'Transitioun. ​

​Déi gréng an déi Lénk misste Wuesstem méi offensiv ugoen

Déi gréng hätten eng Rei Iddien am Programm, déi aner Parteien net opgegraff hätten, wéi zum Beispill d‘Schafe vun enger nationaler Wärmegesellschaft.

D‘Presidentin vum Mouvement bedauert awer, datt d’Wuesstems-Thematik net offensiv ugaange gëtt. Änlech fält d ‘Analys fir déi Lénk aus. 

​CSV ass allgemeng bliwwen

Bei der CSV stéiert sech de Mouvement dorunner datt d‘Virschléi fir eng nohalteg Politik immens allgemeng bleiwen. Do géifen och eng Rei Propose gemaach ginn, déi "absolut géint eng nohalteg Entwécklung ginn".

"Dat ass eben hir Approche zu der Wuesstemsthematik. Awer och, si sinn déi, déi mat Ofstand am meeschten nei Stroosse fuerderen, si setzen sech nach fir Waasserstoff an."

Absolut net zefriddestellend wier de Walprogramm vun der ADR, wéinst deels widderspréchlechen an héchst problemateschen Aussoen, déi net nohalteg, mee nationalistesch-identitär wären, betount d’Blanche Weber.

Lauschterenplay_arrow

Aktualitéit
Chamberwalen 2023
Politik a Gesellschaft
Nohaltegkeet
Noriichten