Radioen

On air

Espresso Beats  |  Joan As Police Woman - The Silence

play_arrow Live
arrow_back_ios

article

article

/ Nei CSV-DP-Regierung kéint an enger Woch vereedegt ginn

Koalitiounsverhandlungen

Nei CSV-DP-Regierung kéint an enger Woch vereedegt ginn

D'Verhandlungsdelegatioune vun CSV an DP si sech 100,7-Informatiounen no an alle wichtege Punkten eens. D'Preparatioune fir d'Vereedegung vun der neier Regierungsequipe si schonn ugelaf.

auto_stories

3 min

© SIP / Jean-Christophe Verhaegen
Foto: SIP / Jean-Christophe Verhaegen

100,7-Informatiounen no kéint de Grand-Duc déi nei Ministeren a Ministerinne vun der CSV an der DP haut an enger Woch, um Freideg Nomëtteg, vereedegen. D'Passation de pouvoir an de jeeweilege Ministèren ass am Gaange geplangt ze ginn. Wann et zäitlech ze enk gëtt, ass d'Vereedegung de Méindeg, den 20. November, virgesinn. An där Woch sollen och déi nei Deputéiert, déi noréckelen, vereedegt ginn. Mat der Regierungsdeklaratioun an der Chamber ass och an där selwechter Woch (vum 20. November) ze rechnen. 

Nei Regierung kritt 15 Memberen

Eisen Informatiounen no soll déi nei Regierungsequipe 15 Memberen hunn: aacht vun der CSV a siwe vun der DP. D'CSV hat bei de Chamberwalen d'selwecht vill Sëtz an der Chamber kritt wéi 2018 (21 Mandater), d'DP ass vun 12 op 14 Sëtz geklommen. D'Dräierkoalitioun tëscht DP, LSAP an déi gréng, déi déi lescht fënnef Joer um Rudder war, hat 17 Memberen. D'CSV kéint zousätzlech nach d'Chamberprésidence an de Posten an der EU-Kommissioun kréien. 

Déi respektiv Gremie vun CSV an DP mussen de Koalitiounsaccord an d'Regierungsequipe virun der Vereedegung guttheeschen. Dat kéint de Mëttwoch oder den Donneschdeg passéieren. Bei der CSV mussen den Nationalrot an en uschléissende Kongress gréng Luucht ginn. Bei der DP geschitt dat duerch e Comité directeur. 

Verhandlungen ouni grouss Tensiounen

Dëse Méindeg, 13. November, ass eng Pressekonferenz am Schlass zu Senneng, wou d'Verhandlungsdelegatiounen iwwer déi lescht véier Wochen e puer mol zesumme komm sinn. Op där Pressekonferenz sollen eisen Informatiounen no d'Eckpunkte vum Regierungsprogramm presentéiert ginn. Gutt informéiert Sourcë soen, d'Verhandlunge wieren ouni grouss Tensiounen iwwer d'Bün gaangen. Dem Formateur Luc Frieden wier e séiere Konsens tëscht den zwou Parteie wichteg gewiescht.

Fräi Hand fir de Formateur

Bis de Méindeg gëtt den Text vum Regierungsaccord finaliséiert. Bei der CSV ginn déi concernéiert Acteuren iwwer de Weekend an d'Bild gesat. Also och déi Gewielte vum 8. Oktober, déi an d'Regierung komme sollen. De Formateur Luc Frieden, CSV-Spëtzekandidat bei de Chamberwalen, krut am Virfeld vu senge Gremien zimmlech fräi Hand fir d'Verhandlungen ze féieren, krute mir vu gutt informéierte Sourcë confirméiert. 

Nieft dem Luc Frieden solle just d'Parteiprésidence ronderëm de Claude Wiseler an d'Elisabeth Margue mat der DP iwwer d'Verdeele vun de Ressorte verhandelt hunn. Si hunn och déi potentiell nei Ministeren a Ministerinnen designéiert. Déi concernéiert selwer ware wéi et schéngt net ageweit. 

D'Ressorte sinn tëscht CSV an DP opgedeelt. Wien awer op béide Säite wat am Detail kritt, kann nach an den nächsten Deeg evoluéieren. 

Wann den Zäitplang esou agehale gëtt, hunn d'Koalitiounsverhandlungen um Enn manner wéi fënnef Woche gedauert. Wéi eng inhaltlech Schwéierpunkte gesat ginn, soll wéi gesot fir d'éischte Kéier de Méindeg annoncéiert ginn.

Aktualitéit
Chamberwalen 2023
Politik
Politik a Gesellschaft
Noriichten