Radioen

On air

Tockcity  |  Hozier - Too Sweet

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Eng besser Kommunikatioun bei Katastrophen

No den Iwwerschwemmungen

Eng besser Kommunikatioun bei Katastrophen

D'Regierung zitt hir Konsequenzen aus der Iwwerschwemmungskatastroph. Virun allem an der Kommunikatioun sollen et Verbesserunge ginn. Dat äntwert d'Inneministerin Taina Bofferding op eng parlamentaresch Fro vum Piraten-Deputéierte Sven Clement.

auto_stories

2 min

Lauschterenplay_arrow


D'Ministerin verweist an hirer Äntwert op en interministeriellen Aarbechtsgrupp, dee scho virun der Katastroph domadder beoptraagt gi war, de System vu GouvAlert ze iwwerschaffen.

Et geet dobäi souwuel ëm d'App selwer, wéi och ëm digital Alternativen. Déi Reform soll an Zesummenaarbecht mam Centre des Technologies de l'État (CTIE) bis Mëtt 2022 fäerdeg gestallt sinn.

Kloer wier awer, dat d'Populatioun zukünfteg iwwer méi Kanäl wéi bis elo informéiert gëtt, dozou gehéieren Internetsitten an Appen, mee och déi klassesch elektronesch Medie wéi Radio an Tëlee, souwéi déi sozial Medien.

Mat Cell Broadcast solle méi Leit erreecht ginn

Dobäi kënnt déi iwwerschaffte GouvAlert-App a virun allem en SMS-System op Basis vum sougenannte Cell Broadcast.

Dee System erlaabt et sämtlechen Handyen an enger gewësser Regioun eng Push-SMS ze schécken a se esou ze warnen. Déi Concernéiert brauchen dobäi näischt erofzelueden a sech néierens unzemellen, domadder gëtt och d'Couverture vill méi grouss wéi bei enger App.

Der Inneministerin no wëllt Lëtzebuerg och an déi Richtung goen an de Schwéierpunkt op eng multikanal Warnung leen.

Den Haut Commissaire à la Protection Nationale (HCNP) Luc Feller huet der Regierung eng Nott zoukomme gelooss, dat no Gespréicher mat de betraffenen Administratiounen. Dës Nott wäert eisen Informatiounen no haut dem Ministerrot presentéiert ginn.