Radioen

On air

Espresso Beats  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

article

article

/ Groussbus: Zwou Persoune vun Auto iwwerrannt

National

Groussbus: Zwou Persoune vun Auto iwwerrannt

En trageschen Tëschefall war et gëschter Owend géint hallwer sechs, op engem Feldwee bei Groussbus huet e Mann mat sengem Auto zwou Persounen iwwerrannt.

auto_stories

1 min

Eng Persoun war op der Plaz dout, déi zweet ass kuerz drop am Spidol verscheet. Wéi d‘Police mellt wier dee schëllege Chauffeur kuerz drop doheem bei sech festgeholl ginn, et huet sech ëm de Fils vun den zwee Affer gehandelt. De Parquet vun Dikrech huet d‘Arrestatioun vum Mann ordonéiert an eng Enquête wéinst Doudschlag an d‘Wee geleet.