Radioen

On air

De Moien  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Extreme Staarkreen: Méi heefeg an hefteg

Klimawandel

Extreme Staarkreen: Méi heefeg an hefteg

D'Probabilitéit an d'Intensitéit vun extremem Staarkreen sinn an eiser Regioun wéinst dem Klimawandel geklommen. Zu där Conclusioun kënnt d'Fuerschungsinitiativ "World Weather Attribution".

auto_stories

2 min

Wéi vill méi probabel esou Evenementer gi sinn, bleift fir d'Fuerscher nach schwiereg prezis ze berechnen. Vun 1,2 bis néng Mol méi heefeg kéint esou extreme Reen wéinst dem Klimawandel an eiser Regioun optrieden, heescht et an der Analys. Also just ganz liicht bis zu däitlech méi heefeg.

Statistesch Schwieregkeeten

Ob et hautdesdaags op enger Plaz méi dacks extrem vill reent, wier statistesch schwiereg z'ermëttelen, erkläert de franséische Klimafuerscher Robert Vautard, ee vun den Auteure vun der neier Etüd. Et géife grouss Ënnerscheeder vu Joer zu Joer a vu Joerzéngt zu Joerzéngt ginn, sou de Fuerscher.

"Donc il faut beaucoup de données pour avoir un signal qui est, somme toute, relativement faible. C'est pas du tout comme les vagues de chaleur. Et c'est un évènement qui peut se produire sur une petite échelle à un endroit ou à un autre en Europe."

Méi Loftfiichtegkeet féiert zu méi staarkem Reen

D'Intensitéit vum Staarkreen wier wéinst dem Klimawandel ëm dräi bis 16 Prozent méi grouss, esou eng weider Conclusioun. Dat léich am Beräich vun deem wat ee sech bei engem Grad Äerderwiermung kéint erwaarden, seet de Robert Vautard. Et wier eent vun de fundamentale Gesetzer an der Physik, datt Loft siwe Prozent méi Fiichtegkeet kéint ophuelen, wa se ëm just ee Grad erhëtzt gëtt. An enger gesättegter Athmosphär géif dat och bedeiten, datt bis zu siwe Prozent méi Reen kéinte falen, wann d'Atmosphär e Grad méi waarm ass.

"Et muss ee sech schützen"

D'Evenement vu Mëtt Juli, dat an Däitschland, der Belsch an zu Lëtzebuerg fir Iwwerschwemmunge gesuergt huet, wier also duerch de Klimawandel verstäerkt ginn, sou d'Klimafuerscher. An et misst ee sech op änlech Evenementer gefaasst maachen, déi grouss Schied kënne provozéieren.

Fir d'Zukunft misst een dofir domat rechnen, datt esou extreem Evenementer iwwerall virkomme kéinten. De Wëssenschaftler hier Etüd géif op allefalls weisen, datt een iwwerall mat esou Evenementer rechne misst.

D'Initiativ World Weather Attribution ass een internationalen Zesummeschloss vu Klimafuerscher, déi den Zesummenhank tëscht extreme Wiederphenomener an dem Klimawandel analyséieren.