Radioen

On air

9 bis 1  |  Goldfrapp - Anymore

play_arrow Live
search / Kultur

/ Ravel + am CAPE

Ravel + am CAPE

headphones

9 min

Lauschteren play_arrow

De Pianosfestival vum CAPE setzt all Joer Komponist:innen an de Mëttelpunkt. Dëst Joer gëtt dem Maurice Ravel säin 150. Gebuertsdag gefeiert. Wärend véier Owender gi vum 30. Januar bis den 2. Februar Stécker vum franséische Komponist vun 8 Pianist:innen opgefouert. Am Kader vum Pianosfestival Ravel + spillt d'Cathy Krier dëse Samschden, 1. Februar e Programm mat a ronderëm D'Musek vum Ravel. De franséische Komponist huet eng besonnesch Bedeitung fir d'Pianistin. Op hirem leschten Album hat si scho Gaspard de la nuit interpretéiert. Si erzielt ënner anerem iwwer de roude Fuedem vum Programm a wat si un der Musek vum Ravel esou begeeschtert. Dat besonnescht ass, datt de Pianosfestival Ravel + sech net nëmmen em de Maurice Ravel a seng Kompositiounen dréint, verréit d'Ana Maria Tzekov, artistesch Direktesch vum CAPE.

Episoden

Dusan Sarotar

"Panorama" vum slowenesche Schrëftsteller gëtt am Feuilleton mam W.G. Sebald senge Wierker verglach. Eng Rees tëschent Irland a Bosnien.

Nei Filmer

De kuerzen Iwwerbléck vun der neier Kinoswoch.

Dusan Sarotar

"Panorama" vum slowenesche Schrëftsteller gëtt am Feuilleton mam W.G. Sebald senge Wierker verglach. Eng Rees tëschent Irland a Bosnien.

Eiger-Nordwand oder Mordwand

Virun 80 Joer, am Juli 1938, gouf d'Eiger-Nordwand déi éischte Kéier vun zwee Däitschen an zwee éisträicheschen Alpiniste bezwongen.

Eiger-Nordwand oder Mordwand

Virun 80 Joer, am Juli 1938, gouf d'Eiger-Nordwand déi éischte Kéier vun zwee Däitschen an zwee éisträicheschen Alpiniste bezwongen.

Nei Filmer

De kuerzen Iwwerbléck vun der neier Kinoswoch.

Arles-Bilan mat Laurianne Bixain a Pasha Rafiy

Bis den 23. September weisen d'Kënschtler Laurianne Bixhain a Pasha Rafiy hir Fotoen op den 49. Rencontres de la Photographie zu Arles.

Lëtzebuergesch-däitscht Opschaffe vun der NS-Geschicht

Geschichtsstudente vun der Tréierer Uni wëllen zesumme mat Lëtzebuerger d'NS-Vergaangenheet opschaffen.

Arles-Bilan mat Laurianne Bixain a Pasha Rafiy

Bis den 23. September weisen d'Kënschtler Laurianne Bixhain a Pasha Rafiy hir Fotoen op den 49. Rencontres de la Photographie zu Arles.

Programm vum Mierscher Kulturhaus

Fir d'Karin Kremer war et gëschter eng Momentopnam, fir eng leschte Kéier de Programm vum Mierscher Kulturhaus ze presentéieren.

Programm vum Mierscher Kulturhaus

Fir d'Karin Kremer war et gëschter eng Momentopnam, fir eng leschte Kéier de Programm vum Mierscher Kulturhaus ze presentéieren.

Lëtzebuergesch-däitscht Opschaffe vun der NS-Geschicht

Geschichtsstudente vun der Tréierer Uni wëllen zesumme mat Lëtzebuerger d'NS-Vergaangenheet opschaffen.

Marionettentheater-Compagnie Les Coeurs de Bois

Ënner dem Motto "Guignolet du parc" léisst d'Marionettentheater-Compagnie Les Coeurs de Bois am Bréisseler Parc Royal d'Poppen danzen.

Komplex Krankheeten einfach erkläert

Den Neurolog a Schrëftsteller Oliver Sacks huet duerch seng populär-wëssenschaftlech Bicher komplex Krankheeten explizéiert.

Claude Lanzmann a säi Film Shoah

De 5. Juli ass de franséische Realisateur gestuerwen. Hien hannerléisst en aussergewéinlecht an eemolegt Wierk iwwer den Holocaust.

Claude Lanzmann a säi Film Shoah

De 5. Juli ass de franséische Realisateur gestuerwen. Hien hannerléisst en aussergewéinlecht an eemolegt Wierk iwwer den Holocaust.

"Nested"

En neit Konschtbuch iwwer déi d'kënschtleresch Aarbecht vun der Su Mei Tse

E Workaholic ënner de Schrëftsteller

De Bodo Kirchhoff kritt haut 70 Joer an huet an engem Roman zeréckgekuckt op eng schwiereg Jugend, markéiert vu sexuellem Mëssbrauch.
headphones

4 min

play_arrow