arrow_back_ios
Kultur
Programm vum Mierscher Kulturhaus
Fir d'Karin Kremer war et gëschter, wéi si selwer sot, eng Momentopnam, fir eng leschte Kéier de Programm vum Mierscher Kulturhaus ze presentéieren. Op den neien Direkter vum Mierscher Kulturhaus, de Claude Mangen, géife grouss Erausfuerderunge waarden, huet de Marc Fischbach, President vum Verwaltungsrot gëschter betount. D'Betty Gillen informéiert.