Kultur
Eiger-Nordwand oder Mordwand
Déi meescht vun eis hu wuel schonn emol de Begrëff Eiger-Nordwand héieren, déi och gäre Mordwand genannt gëtt. Dës Säit vum 3.970 Meter héijen Eiger an der Berner Alpen an der Schwäiz ass am Laf vun de Joerzéngte Kult, e Mythos, am Fong Populärkultur ginn. D'Eiger-Nordwand faszinéiert d'Mënschen, d'Alpinisten grad esou wéi Bierg-Laien. Dëser Deeg sinn et 80 Joer hier, am Juli 1938, datt d'Eiger-Nordwand déi éischte Kéier vun zwee Däitschen an zwee éisträicheschen Alpinisten bezwonge gouf. An déi Leeschtung huet deemools och den Nazien an de Krom gepasst, als een Deel vun hirer grousser Propagandamaschinn. Detailer vum Jean Claude Majerus.