arrow_back_ios
Kultur
Lëtzebuergesch-däitscht Opschaffe vun der NS-Geschicht
Geschichtsstudente vun der Tréierer Uni wëllen zesumme mat Lëtzebuerger d'NS-Vergaangenheet opschaffen. En éischte konkrete Projet ass en Erënnerungsatlas vun der Groussregioun, an deem Commemoratiounsplazen agedroe sinn an deen da soll online gesat ginn.
Däitsch a lëtzebuergesch Historiker, Leeder vu Commemoratiounsplazen an -initiative sinn an deem Kader zesummekomm. De Point de départ war: Wéi vermëttelt een de jonke Generatiounen d'Geschicht vum NS, wann et bal keng Zäitzeie méi gëtt.