arrow_back_ios
Kultur
Komplex Krankheeten einfach erkläert
De briteschen Neurolog a Schrëftsteller Oliver Sacks ass duerch seng populär-wëssenschaftlech Bicher, an deenen hie komplex Krankheeten unhand vu Beispiller aus dem Alldag an duerch säin anekdoteschen Erzielstil explizéiert huet, bekannt ginn. Dem Oliver Sacks war et wichteg, hanner der moderner Wëssenschaft de Mënsch net ze vergiessen, well hanner all Krankheet steet och en individuellt Lous. Den Oliver Sacks, deen den 30 August 2015 gestuerwen ass, hätt haut 85 Joer kritt.