Radioen

On air

Notturno  |  Maz Univerze - Apocalypze ('021)

play_arrow Live
search / Kultur

/ Ravel + am CAPE

Ravel + am CAPE

headphones

9 min

Lauschteren play_arrow

De Pianosfestival vum CAPE setzt all Joer Komponist:innen an de Mëttelpunkt. Dëst Joer gëtt dem Maurice Ravel säin 150. Gebuertsdag gefeiert. Wärend véier Owender gi vum 30. Januar bis den 2. Februar Stécker vum franséische Komponist vun 8 Pianist:innen opgefouert. Am Kader vum Pianosfestival Ravel + spillt d'Cathy Krier dëse Samschden, 1. Februar e Programm mat a ronderëm D'Musek vum Ravel. De franséische Komponist huet eng besonnesch Bedeitung fir d'Pianistin. Op hirem leschten Album hat si scho Gaspard de la nuit interpretéiert. Si erzielt ënner anerem iwwer de roude Fuedem vum Programm a wat si un der Musek vum Ravel esou begeeschtert. Dat besonnescht ass, datt de Pianosfestival Ravel + sech net nëmmen em de Maurice Ravel a seng Kompositiounen dréint, verréit d'Ana Maria Tzekov, artistesch Direktesch vum CAPE.

Episoden

D'Katrin Freisager seet sech fräi

Di schwäizer Fotokënschtlerin Katrin Freisager huet e Faibel dofir, mat hire Fotoe bal ze verféieren, bal ir ze leeden. Och am Cercle Cité.

Den éischte "Prix de la sculpture Schlassgoart"

Den neien Escher "Prix de la sculpture Schlassgoart" ass mat 8'000 Euro an enger Eenzelausstellung an der Galerie Schlassgoart dotéiert.

Der Julie Favreau hire Schlofzëmmerbléck

An der Psychanalyse ginn d'Banneraim vun eisem Gehir mat de Banneraim vun engem Haus verglach. Wéi gesinn dat plastesch Kënschtler?

Doughboys zu Lëtzebuerg

Eng Ausstellung am Militärmusée zu Dikrech, déi d'Liberatioun vu Lëtzebuerg duerch amerikanesch Zaldoten 1918 thematiséiert.

Lëtzebuerg(er)liewen um Beispill vun der Sprangprozessioun

Lëtzebuerg(er)liewen. D'Woch vum 11. bis de 14. Juni 2019 ass di éischt "Semaine du patrimoine culturel dans les écoles"

Den Dram, en Doheem ze sinn

Eist Gehir an eist Doheem sinn 2 Banneraim, déi 6 international Artiste fir d'Casino-Expo "I dreamed I was a house" matenee konfrontéiert hunn.

Frederick, eng philosophesch Maus

Am Centre des Arts pluriels war gëschter Première vum Kannertheaterstéck "Frederick" op Basis vum Grafiker Leo Lionni senger Billergeschicht.

D'Anne Frank huet hire Courage bis un d'Enn net verluer!

De Numm Anne Frank dierften déi meescht vun eis wuel kennen, en Numm dee zu engem Symbol vum Iwwerliewenswëllen vum eenzelen Mënsch gouf.

Nei Filmer

Um Öko-Bauerenhaff oder op der Sich no der Proprietärin vun enger Posch

D'Etel Adnan: eng Fra vun all Zäit

D'Etel Adnan ass politesch an hirer Literatur a poetesch an hirer Molerei. Awer bei béide geet et ëm de Kampf tëscht Däischtert a Liicht.

Filmkritik: Ayka vum Sergei Dvortsevoy

Alt nees e Competitiounsfilm vu Cannes, dee mat engem Joer Retard de Wee op de lëtzebuerger Kinosecran fënnt.