arrow_back_ios
Kultur
Den Dram, en Doheem ze sinn
De 7. Juni ass am Casino, dem Forum fir zäitgenëssesch Konscht an der Ënneschtgaass, d'Expo "I dreamed I was a house" opgaangen. De Berliner Kollektiv "insitu" huet dofir 6 international Kënschtler invitéiert, jiddereen ee Raum aus engem Haus ze gestalten. Net fir politesch Aussoen zum Thema Logement ze maachen, mee well an der Psychoanalyse di verschidden Zëmmer di verschidde Facette vun enger Perséinlechkeet symboliséieren. D'Kerstin Thalau iwwert d'Perséinlechkeet vun "insitu".