arrow_back_ios
Kultur
Den éischte "Prix de la sculpture Schlassgoart"
D'ASBL "Galerie Schlassgoart" ass 1993 op Initiative vun der Arbed, mëttlerweil Arcelor-Mittal, an d'Liewe geruff ginn. Zanter hier huet si eng 90 Ausstellungen mat ronn 200 Kënschtler am "Pavillon du Centenaire" zu Esch-Uelzecht organiséiert. Den 13. Juni huet d'ASBL, mat der Stad Esch an dem Cercle artistique de Luxembourg, kuerz CAL, den éischte "Prix de la sculpture Schlassgoart" verginn. D'Kerstin Thalau war op der Präisiwwerreechung.