Kultur
D'Etel Adnan: eng Fra vun all Zäit
D'Etel Adnan zielt zu de wichtegsten Auteurinne vun der arabescher Welt. Si ass 1925 zu Beirut op d'Welt komm, ass tëscht ganz ënnerschiddleche Kulturen an op mannst 5 verschiddene Sproochen opgewuess. Si huet Literatur a Philosophie zu Beirut, zu Paräis, New York a Berkeley studéiert, an all deene Stied och gelieft an enseignéiert. Eréischt spéit ass opgefall, datt d'Etel Adnan och eng talentéiert Molerin ass. Bis September presentéiert de Mudam d'Expo "Etel Adnan et les modernes". D'Kerstin Thalau am Gespréich mam Curateur Sébastien Delot.