Kultur
D'Anne Frank huet hire Courage bis un d'Enn net verluer!
De Numm Anne Frank dierften déi meescht vun eis wuel kennen, en Numm dee bal zu engem Symbol fir den Iwwerliewenswëllen vum eenzelen Mënsch ginn ass. D'Anne Frank hat schonn als klengt Meedche vun engem Liewen als Schrëftstellerin gedreemt, an um Enn, nët fräiwëlleg, ass si och eng Schrëftstellerin ginn. D'Anne Frank, déi haut 90 Joer kritt hätt, huet wuel dat bekannteste Tagebuch aus der ganzer Literaturgeschicht geschriwwen. D'Gedanken vun dem jonke jüdesche Meedchen hunn d'Welt gerëselt, just wou dat rout-wäisst karéiert Buch publizéiert gouf, war d'Anne Frank schonn dout.