Radioen

On air

Thé Dansant  |  The Stone Roses - Fool's Gold

play_arrow Live
arrow_back_ios

Radioprogramm

Radioprogramm

/ Invité:e vum Dag

Episoden

Anne-Marie Hanff

Anne-Marie Hanff

Mir froen d'Presidentin vun der Infirmiersassociatioun, wéi een nees méi Leit fir hire Beruff ka begeeschteren.

Philippe Linster

Mir froen den neien Direkter vum House of Startups op jonk Entrepreneuren zu Lëtzebuerg genuch ënnerstëtzt ginn.
Françoise Thoma

Françoise Thoma

Mir froen d'Generaldirektesch vun der Spuerkeess firwat si eelef Agencë wëllt zoumaachen.

Charles Schaack

Ass Gewalt géint Fussball-Arbitteren e Problem, och zu Lëtzebuerg? Ënner anerem dat froe mir de Chef vun den FLF-Schiedsrichteren.

Pim Knaff

E Gespréich mam neien DP-Deputéierten, deen och Escher (Kultur-)Schäffen ass.
Philippe Poirier

Philippe Poirier

De Politolog vum parlamentaresche Léierstull vun der Uni Lëtzebuerg iwwer d'Etüd "Societas" an de Phenomeen vun der sougenannter Individuatioun

Martine Reicherts (FNR)

Mir schwätze mat der neier Presidentin vum Fonds national de la recherche FNR, der Martine Reicherts.
Marc Goergen (Piratepartei)

Marc Goergen (Piratepartei)

Mir schwätze mam Coordinateur vun der Piratepartei: de Politiker gouf e Samschdeg op dësem Posten erëmgewielt.

Carole Dieschbourg

Mir froen d'Ëmweltministerin, wéi definitiv hiren Energie- a Klimaplang ass.

Claude Lamberty

Mir froen de neien DP-Deputéierten, wéi eng Schwéierpunkten hie wëllt an der Chamber setzen.

Nadine Geisler a Jean Reitz

Mir froen déi zwee Historiker, wat si an den alen Datebanke vum Geheimdéngscht fonnt hunn.

Alain Duschène

Mir froen de Chef vum Etat-Major, wéi hien d'Affär Schleck wëllt an de Greff kréien.
Xavier Bettel

Xavier Bettel

Wéi eng Conclusiounen a Konsequenzen zitt de Premier aus dem Rapport Waringo iwwer d'Personal- a Finanzgestioun um Haff?

Ulrich Wickert

Dee bekannten däitschen TV-Journalist (Tagesthemen-Presentateur a Paräis-Korrespondent) schwätzt iwwer Frankräich a säin neit Buch ronderëm d'Theemen Identitéit an Heemecht.

Christophe Hansen

D'Positioune vun EU a Groussbritannien iwwer een Handelsaccord leie wäit auseneen. Mir schwätze mam CSV-Europadeputéierten Christophe Hansen.
Paul-Henri Meyers

Paul-Henri Meyers

De laangjäregen CSV-Deputéierte a Verfassungsspezialist iwwer Conclusiounen a Konsequenzen, déi aus dem Waringo-Rapport gezu gi kënnen, sollen a mussen.

Claude P. Muller

De Fuerscher aus dem Luxembourg Institute of Health (Departement Infektioun an Immunitéit) gëtt Explikatioune ronderëm den neie Coronavirus.
Michèle Detaille

Michèle Detaille

D'FEDIL-Presidentin iwwer déi limitéiert Begeeschterung vun der Industrie fir de Klimaplang an d'Problemer jonk Talenter unzezéien.

Renate Winter

Zanter iwwer 10 Joer gëtt iwwer en neit Jugendschutzgesetz diskutéiert. Mir froen d'Kannerrechtsexpertin vun der UN, wéi si d'Chancen op en Accord gesäit.

Yves Mersch

Firwat hannerfreet d'Europäesch Zentralbank all hir Instrumenter? Wéi preparéiert si sech op den Zäitalter vun den digitale Wärungen? Froen un de Member vum EZB-Directoire.