Invité:e vum Dag
Philippe Poirier
An der Lëtzebuerger Gesellschaft mécht de Phenomeen vun der sougenannter Individuatioun sech ëmmer méi breet. Zu där Conclusioun kënnt de parlamentaresche Léierstull vun der Uni Lëtzebuerg a senger Etüd "Societas", där hir Haapt-Conclusioune kierzlech virgestallt goufen.
Konkret bedeit dat, datt d'Leit sech ëmmer méi op sech zeréckzéien, op hiert direkt Ëmfeld, hir Aarbecht, hir Fräizäitaktivitéiten a sech ëmmer manner engagéieren, sief et a Parteien, Gewerkschaften oder a Veräiner. De Philippe Poirier vun der Chaire parlementaire vun der Uni ass am Gespréich mam Maurice Molitor.