Invité:e vum Dag
Martine Reicherts (FNR)
Déi nei Presidentin vum Fonds national de la recherche heescht Martine Reicherts: 34 Joer laang - vun 1984 bis 2018 - huet si a verschiddene Funktioune fir d'EU-Kommissioun geschafft a si war fir kuerz Zäit EU-Justiz-Kommissärin.
D'Martine Reicherts ass elo Member am Verwaltungsrot vun der Lëtzebuerger Zentralbank an zanter dem leschten 1. Dezember ass si um Presidenteposte beim Etablissement Public FNR, dem Fonds national de la recherche.
Am Interview schwätze mir iwwer d'Fuerschung zu Lëtzebuerg an iwwer d'Aufgabe vum FNR. De Serge Kesseler féiert duerch d'Gespréich.