arrow_back_ios
Invité:e vum Dag
Pim Knaff
Viru 14 Deeg ass de Pim Knaff als neien Deputéierte vereedegt ginn. Hien ersetzt an de Reie vun der DP-Fraktioun de verstuerwenen Eugène Berger. Viru sengen éischte Schrëtt an der National-Politik huet de Jurist um kommunale Plang schonn e puer Joer politesch Erfarung gesammelt: zanter 2000 als Gemengeconseiller, zanter 2017 als Schäffen (zoustänneg ënner anerem fir d'Kultur) zu Esch/Uelzecht.