Invité:e vum Dag
Christophe Hansen
Ufanks Mäerz sollen d'Verhandlungen iwwer een Handelsaccord tëschent der EU a Groussbritannien ufänken. Gëschter gouf däitlech, datt d'Positiounen op béide Säiten deels wäit ausenee leien.
Dat wat den EU-Chef-Negociateur Michel Barnier sot, war deels de Contraire vun deem, wat de brittesche Premier Boris Johnson proposéiert huet. Wat heescht dat elo fir d'Gespréicher um Verhandlungsdësch? Wéi warscheinlech ass et, datt ee guer net eens gëtt? Dat freet d'Danièle Weber den CSV-Europadeputéierten Christophe Hansen - hien ass Member vum Koordinatiouns-Grupp am Parlament, dee sech ëm d'Negociatioune mat Groussbritannie bekëmmert. Mir froen och, wéi d'CSV drop reagéiert, datt elo déi ungaresch Fidesz-Partei net soll aus der Europäescher Vollekspartei ausgeschloss ginn.
De Christophe Hansen ass zu Bréissel den Invité vun eiser EU-Korrespondentin Danièle Weber.