Se ware Swing-Legenden, dat ass dat mannst wat ee ka soen: de Paul Kuhn, de Max Greger an den Hugo Strasser.
De 17 Mäert 2016, also virun eppes kleng méi wéi 10 Joer ass dee Leschte vun den dräi Swing Legenden, den Hugo Strasser am Alter vun 93 Joer gestuerwen.
De Jazz-Klarinettist a Bandleader Hugo Strasser stoung quasi bis un d’Enn vu sengem Liewen op der Bühn, an en huet an iwwert 60 Joer Karriär Danzmusek wéi kaum en anere markéiert.
De Hugo Strasser war ee vun de Museker déi dem Nokrichs-Däitschland de Rhythmus erëm ginn huet a wann een op emol, eng ganz liicht a präzise Klarinette iwwert deem zolitte Big Band Sound héieren huet, da wosst ee, elo spillt de Meeschter selwer.
De Hugo Strasser ass en Stéck musikalesch Zäitgeschicht mat perfekt arrangéierten Nouten, hien huet e Sound kreéiert deen dem Danzen de Punkt op den I gesat huet.
De Jean Claude Majerus erënnert am Retromania vun haut de grousse Klarinettist a Bandleader Hugo Strasser.