Dem Ausnamekënschtler Joseph Beuys säi komplext Wierk an de Gebrauch vun ongewéinleche Materialie wéi Fett, Hunneg, Blutt oder Schrott a senger Konscht provozéieren. Hien huet wéi kaum en aneren Artist polariséiert, an dat bis haut, ëmmerhi scho 40 Joer no sengem Doud.
Deen däitschen Aktiounskënschtler, Skulpteur, Zeechner, Konschttheoreetiker, Pädagog a Professer un der Konschtakademie vun Düsseldorf Jospeh Beuys ass den 23. Januar 1986, gëschter viru 40 Joer, am Alter vu 64 Joer a sengem Atelier zu Düsseldorf gestuerwen.
De Beuys huet d’Konscht net nëmmen als Material oder Skulptur gesinn, fir de Beuys war Konscht e gesellschaftleche Prozess.
A mat sengem berüümte Saz “Jeder Mensch ist ein Künstler“ huet de Beuys gemengt, datt jiddereen d‘Kapazitéit huet fir kreativ un der Konstruktioun vun der Gesellschaft matzeschaffen.