Si war Sängerin, Dänzerin, Gittaristin, Actrice an Entertainerin, alles an enger Persoun, d’Catarina Valente.
Déi gebierteg Italieenerin, déi zu Paräis gebuer gouf, hat an den 1960er Joren international a besonnesch an Däitschland risege Succès. Si war eng multidisziplinär Artistin, et gouf bal näischt, wat si net konnt.
An der Catarina Valente hirem musikalesche Repertoire gouf et eppes ganz Besonnesches, an zwar d’Imitatioun mat hirem Mond an hirer Stëmm vun e sëllege Museksinstrumenter, an dobäi koum och nach, datt der Catarina Valente kee Museksgenre friem war, bei hir goung et vun Jazz, Schlager a Pop, iwwer Musical a Chanson bis bei de Bossa Nova.
An de leschte Jore virun hirem Doud huet d’Catarina Valente gemittlech an zefridden an der Schwäiz gelieft, vun Zäit zu Zäit huet een ëmmer nees kleng Nouvellë vun hir héieren, bis den 9. September 2024 d’Noriicht vun hirem Doud koum. D’Catarina Valente ass deen Dag am Alter vun 93 Joer zu Lugano gestuerwen.