Eng kleng Stad, e giele Ballon, an e Jong, deen sech ëmmer nees Fro stellt, firwat d’Liewen esou komplizéiert ass. De Charlie Brown a säi frëndlechen, verdreemte Mupp Snoopy sinn zanter 75 Joer d’Symboler fir Laachen, Melancholie a Mënschlechkeet.
Mee ass et Slapstick oder Kult, eng schwéier d’Fro, déi ee sech beim Charlie Brown, dem Bouf mam Plakapp aus der Comic-Serie „The Peanuts“ ka stellen.
Et ginn der sécher vill déi de Kapp rëselen, mä den Charlie Brown ass eng vun de bekanntste Comic-Figuren, net nëmmen an den USA, mä esouguer weltwäit.
Am Oktober 1950, viru 75 Joer, haten dem Comic-Zeechner Charles M. Schulz seng Peanuts mam Charlie Brown als Comic hir Première an 9 amerikaneschen Zeitungen, den Ufank vun engem Kult-Comic an enger Success Story.
De Jean Claude Majerus beschäftegt sech déi Kéier am Retromania mat dem Comic “The Peanuts” an de ville sëllege Figuren, déi een dra fënnt.
E Jong, en Hond, e ganze Kosmos vu klenge Gags a grousse Gefiller, dat sinn d’Peanuts. Och wann de Charlie Brown heiansdo alles falsch mécht, huet hien eis gewisen, datt et ganz OK ass, net perfekt ze sinn.
Et ass eng kleng Rees an d’Welt vum Snoopy an Co., mat Häerz a vill Nostalgie gemaach a wéi de Snoopy géif soen: Keep dreaming!“