Mat “Mama Loo”, “Kansas City” oder “Mexico” hunn d’Les Humphries Singers an de 1970er Joren neie Wand an déi däitsch Popzeen bruecht, an déi sëllege Sänger an der Grupp stounge fir eng gewëssen Hippie-Romantik. Les Humphries Singers waren zu hirer Zäit eng vun de Popgruppen mam gréisste Succès.
Gegrënnt gouf d’Grupp, wéi den Numm et seet, vum englesche Sänger a Museker Les Humphries, deen den 10. August 1940 zu Croydon Surrey an England op d’Welt koum an un deem säi 85. Anniversaire muer geduecht gëtt.
De Les Humphries ass de 26. Dezember 2007 an engem Spidol zu Basingstoke a Südengland am Alter vun nëmme 67 Joer gestuerwen. De Les Humphries hat mat senge Les Humphries Singers risege Succès, just säi Liewe war eng eenzeg Tragedie.