Den däitschen Auteur Heinrich Böll gehéiert zu de bedeitendsten däitschen Nokrichsschrëftsteller an als Member vun der Gruppe 47 huet hie sech och ëmmer zu der sougenannter “Trümmerliteratur” bekannt. Esou war et fir hien eng moralesch Missioun eng realistesch Krichs- an Nokrichsliteratur ze schreiwen.
Den däitschen Auteur krut fir säi Roman “Gruppenbild mit Dame” 1972 de Literaturnobelpräis.
Mee wie schwätzt haut nach vun engem Heinrich Böll, wann en net grad an der Schoul um Programm steet? Wat den Heinrich Böll méi laang dout ass, wat hie méi an de Vergiess geréit. Mee stëmmt dat? Den Heinrich Böll ass de 16. Juli 1985, viru 40 Joer, gestuerwen, deemools eng moralesch Instanz vun der deemoleger Bundesrepublik Däitschland.