De Claude Chabrol gehéiert nieft dem Jean-Luc Godard an dem François Truffaut zu de ganz grousse Vertrieder vun der Nouvelle Vague aus dem franséische Film. De 24. Juni, de leschten Dënschdeg, hätt hie 95 Joer kritt. De grousse Filmregisseur ass awer den 12. September 2010 am Alter vun 80 Joer gestuerwen.
Wäit iwwer 50 Joer huet de Claude Chabrol probéiert a senge Filmer mam Fanger op d’Onéierlechkeet, d’Falschheet an den Egoismus vun der Bourgeoisie ze weisen, an deels ass him dat och gelongen.
De Claude Chabrol, de Mann mat der Päif am Mond an engem spezielle Witz, huet léiwer an der franséischer Provënz gedréit, wéi steril iergendanzwousch an engem Studio. Hie war kee Filmtheoreetiker oder Ästhet, de Claude Chabrol war e Pragmatiker an e Meeschter vun der Nouvelle Vague, dem europäeschen Nokrichsfilm.