Retromania
Barry White: Erotik an der Stëmm
10 min
Deen amerikanesche Soul-Sänger Barry White war bekannt duerch säin duussen an déiwen eenzegaartege Bass an der Stëmm. Hien hätt haut, 12.9., 80 Joer kritt, ass awer schonn de 4. Juli 2003 zu Los Angeles un de Suitte vun engem Niereversoen am Alter vun nëmmen 58 Joer gestuerwen.
De Barry White huet säi Publique 40 Joer laang mat engem populäre Mix aus Soul a Pop begeeschtert, mat nëmme 16 Joer huet hie seng éischt Plack erausbruecht.
Den Héichpunkt vu senger Karriär hat de Barry White an den 1970er Joren, an deenen hie mat Titele wéi “Love’s Theme”, “You’re the First, The Last, My Everything” a virun allem mat “Can’t Get Enough of Your Love, Babe” sougenannt Chart-Breaker hat.
De Barry White huet weltwäit iwwer 100 Milliounen Diske verkaf an zielt domadder weltwäit zu de Museker mat deem gréisste Succès.
Seng Musek huet an der Zäit op Partyen, an Danzschoulen oder an Discoen ni dierfe feelen. Dee wuertwiertlech schwéiere Museker huet an den 1970er wéi kaum en aneren de Philadelphia-Soul-Sound markéiert.
Presentéiert vum
- Jean-Claude Majerus