Ganz dacks sti mir virun hinnen ze waarden, am Ganzen zwou Wochen an eisem Liewen. Dir frot Iech, wat dat wuel ass? Abee et sinn d’Verkéiersluuchten op der Strooss. Rout heescht stoe bleiwen, Orange am beschte stoe bleiwen a Gréng fueren. D’Verkéiersluuchte ginn et schonn zanter 110 Joer an all Dag reegele si de Stroosseverkéier fir Milliarde vu Mënschen. D’Geschicht ëm d’Luucht, déi aus eisem Alldag net méi ewech ze denken ass, steet hei am Mëttelpunkt.
arrow_back_ios
Retromania
D'Rout Luuchten ginn et zanter 110 Joer
Lauschteren
play_arrow
headphones
4 min
mic_none
Presentéiert vum
- Jean-Claude Majerus