arrow_back_ios

Opus Aktuell

search / Opus Aktuell

/ Den Opus elo op DAB+!

Den Opus elo op DAB+!

Lauschteren play_arrow
headphones

5 min

DAB+ (Digital Audio Broadcasting Plus) ass den internationale Standard fir den digitale Radio. Vun elo u gëtt et den DAB+ och zu Lëtzebuerg. Dëst erméiglecht eng méi eng grouss Offer u Radiosenderen a bitt e méi stabillen Empfang an eng besser Tounqualitéit wéi den FM. Grad fir déi Klassesch Musek ass den DAB+ domat eng gutt Optioun. Probéiert et aus!

Viraussetzung fir den Opus kënnen ze empfänke sinn en DAB+-fäegt Radiogerät (z. B. e Kicheradio, en digitale Wecker mat Radio-Funktioun oder och e klenge Radio mat Batterien) oder en Auto mat engem integréierten DAB+-Empfänger (zënter dem 21. Dezember 2020 ass an all neiem Auto an Europa en DAB+-Empfänger agebaut. Stellt Äret Gerät op den DAB+-Modus a sicht no de verfügbare Senderen. Wielt dann an der Lëscht den Opus 100,7 aus.

Keen DAB+? Kee Problem!

Erlieft Klassik iwwerall mat der App vum Opus, engem Internetradio oder mat engem Smartspeaker an entdeckt de vollen Emfang vun eiser Mediathéik. Do fannt Dir dee Concert, dee grad an Är Stëmmung passt, d’Live-Show Harmonesche Moien fir nozelauschteren, Podcasten an Interviewen a Gespréicher ronderëm déi klassesch Musek. Weider Informatiounen fannt Dir iwwer de Site www.opus.radio

mic_none

Presentéiert vum

Episoden

De Paul Juon als Bréck fir Beethoven a Mendelssohn

En Triosconcert um Buerglënster Festival, bei deem en Zäitgenosse vum Richard Strauss d'Wiener Klassik an déi däitsch Romantik matenee verbënnt.
headphones

3 min

play_arrow

"Ech hu gutt Energie an d'Universum gestach a krut se och zeréck"

Dee jonken amerikanesche Pianist Anthony Ratinov ass de Gewënner vum ICMA Classeek Award 2026 a spillt um Gala Concert de 18. Mäerz zu Bamberg.
headphones

4 min

play_arrow

Grousse musikalesche Kino am Cercle Cité

Am Kader vum LuxFilmFestival presentéiert den OCL säin nächste "Chef meets Chef" Concert, mam Dirigent Bertie Baigent an der Cineastin Céline Camara op der Bün.
headphones

4 min

play_arrow

Catch Music Festival 2026

De Festival am Centre Culturel zu Bouneweg dëse Weekend, dee professionell lokal Museker:inne mat neien Talenter op eng Bün bréngt.
headphones

3 min

play_arrow

25 Joer Rencontres Musicales de la Vallée de l'Alzette

Ënner dem Titel "Au temps de Louis XIV” gëtt d’Erëffnung vum 40. Klenge Maarnicher Festival an och de 25. Gebuertsdag vun de RMVA gefeiert.
headphones

3 min

play_arrow

D'NS-Landesmusikschule Luxemburg

Den 10. Mee 1940 verännert sech alles zu Lëtzebuerg: Déi däitsch Wehrmacht kënnt un de Pouvoir a kontrolléiert alles, inklusiv d'Kulturinstitutiounen.
headphones

3 min

play_arrow

175 Joer Sängerbond Diekirch

Ee vun den traditiounsräichste Gesangsveräiner am Land feiert mat enger grousser Serie u Concerten.
headphones

3 min

play_arrow

Live Concert de Sonnden um Opus

Mozart, Mélanie Bonis a Carl Nielsen stinn um Programm vum Concert, deen den Opus de Sonndeg Moie vun 11 Auer u live aus der Congresshalle zu Saarbrécken iwwerdréit.
headphones

3 min

play_arrow

"Blackmail" vum Hitchcock mat Livemusek an der Philharmonie

De bekannten Dirigent fir Filmconcerten Frank Strobel huet schonn dacks mat de Lëtzebuerger Philharmoniker kollaboréiert. Den nächste Rendez-vous ass "Blackmail" vum Hitchcock.
headphones

4 min

play_arrow

Neie Beethoven-Album vun der Alena Baeva

D'Geiistin Alena Baeva an de Pianist Vadym Kholodenko kenne sech schonn zanter 20 Joer an elo koum hiren éischten Album mat Sonate vum Beethoven eraus.
headphones

4 min

play_arrow

Vivaldi an Heavy Metal op engem Concert?

Dat versprécht de Stuttgarter Kammerorchester de Freideg, de 6. Mäerz am Trifolion zu Iechternach.
headphones

3 min

play_arrow

Neisten Opus Plackespiller: "A Child's Dream"

Eng Zort musikalesche Bréif un hiert jonkt Ech, dat ass der Pianistin Alexandra Dariescu hiren neien Album.
headphones

3 min

play_arrow

Pierre Nimax senior: Hommage-Concert mat enger Uropféierung

Professeren a Schüler:innen aus dem Stater Conservatoire trieden am Cercle Cité ënner der Leedung vum Pierre Nimax junior op.
headphones

3 min

play_arrow

Eng Cellistin, déi kee Problem huet hir schwaach Säit ze weisen

Déi jonk éisträichesch Cellistin Julia Hagen spillt de Freideg hiren éischte Concert hei am Land, an der Philharmonie mam Renaud Capuçon als Dirigent.
headphones

3 min

play_arrow

Cathy Krier am Opus Klassik Talk

Am Opus Podcast gëtt et ëmmer e ganz perséinlechen Abléck an d’Liewe vu Mënschen aus der klassescher Musekszeen. Aktuell Invitée ass d’Lëtzebuerger Pianistin Cathy Krier.
headphones

3 min

play_arrow

E Ballet, deen d'Fraen éiert

De "Ballet pour les amazones d’hier et d’aujourd’hui" vun der Laura Arend gëtt de 26. a 27. Februar am Groussen Theater opgeféiert.
headphones

3 min

play_arrow

Am Dial'Orgues d'Instrument kenneléieren

Den Alessandro Urbano ass Titulaire-Organist vun Diddeleng an organiséiert reegelméisseg Dial’orgues, en Treffe fir Interesséierter, déi d’Instrument Uergel kenneléiere wëllen.
headphones

3 min

play_arrow

Musek a Léift

Jiddweree vun eis hat schonn Erfarung mam Gefill vun der Léift. Ob déi Erfarung positiv oder negativ war, ka Musek sécher dobäi hëllefen, déi Gefiller ze veraarbechten.

SEL, mee méi kleng

D'Concertserie SEL Camerata bitt Museker a Frënn vun de Solistes Européens, Luxembourg eng Bün fir Kammermuseksconcerten. Den nächsten ass den 23. Februar an der Philharmonie.
headphones

3 min

play_arrow

It's all about sharing the joy of music!

Den Owend (11.2.) stinn zwou Starmusekerinnen zesummen op der Bün an der Philharmonie: d'Dirigentin Elim Chan an d'Pianistin Hélène Grimaud.
headphones

3 min

play_arrow