All Joer ginn d'International Classical Music Awards (ICMA) an der klassescher Musekszeen mat engem grousse Gala-Concert gefeiert. Dëst Joer ass deen den 18. Mäerz zu Bamberg an Däitschland. Den ICMA Classeek Award, e Präis fir jonk Talenter ze fërderen, geet dëst Joer un den Anthony Ratinov. Dee jonken amerikanesche Pianist huet un der Yale University an un der Juilliard School studéiert. Mat nëmme véier Joer fänkt hien u Piano ze spillen, an zwar dank senger Boma, déi deemools extra aus Russland an d’USA geplënnert ass, fir him de Piano bäizebréngen. Viru sengem groussen Optrëtt zu Bamberg verréit hien eis méi.
arrow_back_ios
Opus Aktuell
"Ech hu gutt Energie an d'Universum gestach a krut se och zeréck"
Lauschteren
play_arrow
headphones
4 min
Episoden
Eng Kinnekskannerschoul am Veianer Schlass
D'Kanner aus dem ganze Land gi vun der Prinzessin Jacquetta vu Lëtzebuerg op eng Audienz zu Veianen invitéiert.
Dem Georges Sadeler seng "Metal Suite" um Klenge Maarnicher Festival
De Komponist Georges Sadeler stellt säin neit Wierk "Metal Suite" zu Housen vir. Hien huet sech domat beschäftegt, wéi Metaller de Klang vun Instrumenter beaflosse kënnen.
Hëtzeg Rainy Days an der Philharmonie
De Festival fir zäitgenëssesch Musek "Rainy Days" ass dëst Joer vum 17. bis den 22. November.
Blechbléiser treffen op Gesangskonscht
De Kontratenor Jeff Mack an d'Blechbléiserquintett Magnifica spillen am Kader vum klenge Maarnicher Festival.