De 25. Oktober um 17h fënnt am Forum Geesseknäppchen de "Rising Stars!"-Concert vum Orchestre de Chambre du Luxembourg statt. Véier jonk Laureaten aus dem Stater Conservatoire stellen do als Solist oder Solistin hiert Kënnen ënner Beweis: d’Léini Schaul op der Trompett, de Cyprien Muller um Cello, d’Charlotte Devitt um Hautbois an d’Noémi Sütö op der Gei. Begleet gi si vum OCL, an als Gaaschtdirigentin ass déi jonk polnesch Dirigentin Agata Zajac invitéiert. Si verréit eis méi iwwer hir éischte Kéier zu Lëtzebuerg als Dirigentin.
arrow_back_ios
Opus Aktuell
Rising Stars: Concert des Lauréats vum Stater Conservatoire
Lauschteren
play_arrow
headphones
3 min
mic_none
Presentéiert vum
- Christophe Mirkes