De Sonndeg Moie vun 11 Auer un iwwerdréit den Opus zesumme mam SR e Live Concert aus der Congresshalle zu Saarbrécken. Op der Bün spillt den Orchester vun der DRP, d’Deutsche Radio Philharmonie. Dirigéiert gëtt se vum Michael Schönwandt, engem däneschen Dirigent, deen 11 Joer laang de Leeder vum Royal Danish Orchestra zu Copenhagen war, an och mat sengen aktuellen 72 Joer nach ganz aktiv ass. E grousse Solist gëtt et dann och nach: de Pianist Paul Lewis aus England. Um Programm stinn dräi grouss Nimm. Nieft Mozart sinn et d'Mélanie Bonis an de Carl Nielsen. D'Mel Bonis ass eng franséisch Komponistin aus der Spéitromantik, déi de Pseudonym Mel Bonis benotzt huet, fir datt hie Musek eeschtgeholl gouf. De Carl Nielsen ass da bis haut ee vun de bedeitendste Komponisten aus Dänemark.
arrow_back_ios
Opus Aktuell
Live Concert de Sonnden um Opus
Lauschteren
play_arrow
headphones
3 min
Episoden
Eng Kinnekskannerschoul am Veianer Schlass
D'Kanner aus dem ganze Land gi vun der Prinzessin Jacquetta vu Lëtzebuerg op eng Audienz zu Veianen invitéiert.
Dem Georges Sadeler seng "Metal Suite" um Klenge Maarnicher Festival
De Komponist Georges Sadeler stellt säin neit Wierk "Metal Suite" zu Housen vir. Hien huet sech domat beschäftegt, wéi Metaller de Klang vun Instrumenter beaflosse kënnen.
Hëtzeg Rainy Days an der Philharmonie
De Festival fir zäitgenëssesch Musek "Rainy Days" ass dëst Joer vum 17. bis den 22. November.
Blechbléiser treffen op Gesangskonscht
De Kontratenor Jeff Mack an d'Blechbléiserquintett Magnifica spillen am Kader vum klenge Maarnicher Festival.