Vu Freideg 13. bis Sonndeg 15. Mäerz 2026 ass déi 5. Editioun vum Catch Music Festival am Centre Culturel zu Bouneweg. Gegrënnt gouf de Festival vun der Geiistin Laurence Koch an der Pianistin Cathy Krier. D'Zil ass et, professionell lokal Museker:inne mat neien Talenter op eng Bün ze bréngen.
Wéi eng Rising Stars sinn dëst Joer mat dobäi? Den Oboist Pau Barrachina Roig, den Cellist Matis Griso, op de Blockflütte sinn d’Laurie Krier an de Florian Nass, op der Klarinett de Ruben Stanga, de Colin Toniello an d’Alexandra Vassileva um Piano an d’Oriane Weyl op der Mandolinn. D'Organisatrice Cathy Krier erzielt eis méi iwwer de Programm an erkläert, wat d’Zil vum Festival ass.