D’Cathy Krier ass hautdesdaags eng Pianistin, déi ee sech net méi ewechdenke kann aus der Lëtzebuerger Musekszeen. Si spillt vill Concerten, hëlt Albumen op an huet de Kammermuseksfestival Catch Music Festival gegrënnt.
Eigentlech hat d'Cathy Krier als klengt Kand mat 3 Joer mat der Gei ugefaangen. Wéi si dann hiren alleréischte Concert kucke geet, steet fir si awer fest: et soll de Piano ginn.