Bei ville Fussballfans ass d’Virfreed grouss op e Sonndeg, den 19. Juli, wann dann d’Finall vun der WM wäert sinn. Fir dëse risege Spektakel huet ee sech och eng grouss Halbzeitshow iwwerluecht. Jo, no dem Superbowl wäert se där dann och elo eng éischte Kéier am Fussball ze gesi ginn. An de Gustavo Dudamel, Spëtzendirigent vum Los Angeles Philharmonic, ass mat dobäi.
Zesumme mat weidere Weltstare weider Madonna, Shakira, dem Justin Bieber oder der Grupp BTS wäert den Dudamel zesumme mat engem Chouer, der Band Coldplay a Burna Boy optrieden.
D’Halftimeshow wäert ronn 11 Minutten daueren an am New York New Jersey Stadium ofgehale ginn. Ënnerstëtzt gëtt mam Optrëtt och de FIFA Gloval Citizen Education Fund, deen et weltwäit Kanner soll erméiglechen, een Zougang zu Educatioun ze kréien.