"Playlist to Connect" heescht ee besonnescht Event dëse Sonndeg Nomëtteg den 19. Juli zu Viichten bei der Sportshal. Et ass e Concert mam Lëtzebuerger Orchester Estro Armonico, deen nämlech dräi Genren, d'Klassik, Pop a Rock verbënnt. Entstanen ass dëse Projet als Zesummenaarbecht mam Jugendclub 2000 an der Kommissioun Zesumme liewen vu Viichten.
Beim Programm si Karaoke-Sänger:innen an e Rockgrupp dobäi, wéi och e professionelle Sänger aus Däitschland an d’Chorale vu Viichten.
De But vum Event ass et, d’Leit mat Museksstiler vertraut ze maachen, déi si bis dato vläicht nach manner gutt kennen.
Weider Detailer huet de Guy Goethals, artisteschen Direkter vun Estro Armonico a Live-Invité am Harmonesche Summer beim Lex Kauffmann.