An der Mëttesstonn eng Degustatioun maachen? Wisou eigentlech net! Um Programm vum Midi baroque an der Philharmonie steet muer (30.06.) allerdéngs keng kulinaresch, mee eng musikalesch Degustatioun. D’Cembalistin Anne-Catherine Bucher proposéiert kleng Häppercher aus dem englesche Barock mat passenden Erklärungen, fir déi d’Ouere solle gespëtzt ginn.
arrow_back_ios
Opus Aktuell
Eng musikalesch Degustatioun
mic_none
Presentéiert vum
- Luc Boentges
Episoden
Blechbléiser treffen op Gesangskonscht
De Kontratenor Jeff Mack an d'Blechbléiserquintett Magnifica spillen am Kader vum klenge Maarnicher Festival.