Mat zäitgenëssescher Musek bitt United Instruments of Lucilin wéi gewinnt och an der Saison 26/27 nei Concerten un. Bis Enn des Joers sinn et der eleng 11 Stéck.
Ee Bléck an den Agenda weist schonn, et gëtt sënnlech! Lucilin & Klang, Blind Date oder Sensorial Symphonies:
Wat sech genee hanner dëse Formater verstoppt, verzielt den Directeur stratégique Guy Frisch dem Lex Kauffmann am Opus Interview.