West-Afrikanesch Griot-Traditioune vermëscht mat Jazz an zäitgenësseschen Improvisatiounen héiere mer um Album "Africation" vum Dudù Kouate.
Ganavya ass eng Artistin déi a Süd-Indie gebuer an zu New York opgewuess ass. Si séngt a spillt verschidden Instrumenter, mir lauschteren haut eng meditativ Hymn zu Thanksgiving an deem si Ausschnëtter vun engem Gedicht vum Palestinensesch-Amerikaneschen Dichter Suheir Hammad, benotzt.
D' Lidd "The Hardest Thing" vun de Gorillaz staamt aus der Fieder vum Damon Albarn mat am Ufank engem Spoken Word vum Tony Allen. Hei ginn Theme vu Verloscht, Trauer an de Wee zum 'Nom Liewen' erfuerscht.
Eng Decouverte ass déi spuenesch Singer-Songwriterin Clara Serra López an hiren neien Album "Lengua Materna"...
E Lidd iwwer déi alldeeglech Frustratiounen. Kale verbrannte Kaffi, e verpasste Fliger, zoue Stroossen, e verluerenen Job - Frustratiounen déi awer en Enn fannen an deem wat ee Resilienz nennt, dorëms geet et an der Natacha Atlas a Samy Bishai hirem "Wana Leih".
E Klassiker vun de Pionéier vum Global-Jazz ass de Power Trio Collin Walcott, Don Cherry & Naná Vasconcelos. Mir erënneren eis un oder entdecken den Album "Codona 1" aus dem Joer 1979.
Sproochen an Influenzen déi sech vermëschen héiere mer och um Album "Ífaradá" vum nigerianeschen an zu London baséierten Artist Loshh. Den Track "É Beré" beweegt sech vun engem spirituellen Opruff a Richtung Hoffnung no Fridden an der Ausdauer fir racial Jugementer z'iwwerwannen.
De Cross-Kontinentale Projet Keleketla! aus Süd-Afrika zesumme mat den Englänner vu Coldcut. Den Track "Freedom Groove" ass entstan aus enger Jam eraus tëscht dem Meeschter vum Afrobeat Tony Allen an dem Matt Black vu Coldcut ...
De Bassist Avishai Cohen ass an den Enn 90er bekannt ginn als e Member vum Chic Corea sengem Sextet ier en duerno säin eegene Label Razdaz Recordz gegrënnt huet.¨
Playlist:
01. Dudù Kouate - Africation - Africation
02. Ganavya - Land - Nilam
03. Clara Serra Lopez - Worthy
04. Gorillz - The Hardest Thing (feat. Tony Allen) - The Mountain
05. Natacha Atlas & Samy Bishai - Wana Leih
06. Dhafer Youssef - Seventh Heaven Suite - Digital Prophecy
07. Walcott, Cherry & Vasconcelos - New Light - Codona 1
08. Loshh - Ífaradá - É Beré
09. Keleketla! & Coldcut - Freedom Groove (feat. Antibalas, Nono Nkoane, Tamar Osborn, The Watts Prophets & Tony Allen) - Keleketla!
10. Avishai Cohen - When I'm Falling - Two Roses
11. Tindersticks - New World - Soft Tissue