Dem Schwäizer Elektro-Produzent a Sänger DanDara seng Collaboratioune sinn et derwäert op der Spuer ze bleiwen. Mir lauschteren haut eng Zesummenaarbecht mam portugiseschen Duo Studio Bros.
Love & Death, Pt. 2 ass en alternative R&B an zäitgenësseschen Afro-Soul Track vum Azekel. Hien ass a Nigeria gebuer an zu London opgewuess. Haut héiere mer hien zesumme mam Highlife Pionnéier Ebo Taylor .
Dem Skip James säi bekannten Delta-Blues "Special Rider Blues" aus dem Joer 1931 gëtt nei interpretéiert vum Kora-Meeschter Balaké Sissoko aus dem Mali zesumme mam Anglo-Italieenesche Singer-Songwriter Piers Faccini.
D'Musek ass chill mee d'Thema ass éischter de Géigendeel, an zwar geet et an der Ayo hirem "And It's Supposed To Be Love" em haislech Gewalt an toxesch Zyklen.
Engem anere Museker seng Zesummenaarbechten déi der am A behale kennt, sinn déi vum K.O.G aus dem Ghana. Haut héiere mer hien an der Kollaboratioun mat der Zongo Brigade. Am Track "Suro Nipa" wat esouvill bedeit wéi "Fear Human Beings" oder "Beware Of Manking". Theme wéi Verrot ginn hei ugeschwat, d' Iwwerliewen op der Strooss an awer och d'Resilienz géigeniwwer schlechte Vibes.
Playlist:
01. Jemba Groove & K.O.G - Sweet My Year
02. Studio Bros & Dandara - Sundiata Keita
03. Angelique Kidjo - Mother Nature - Mother Nature
04. Azekel - Love & Death, Pt. 2 (feat. Ebo Taylor) - Analyze Love
05. Ballaké Sissoko & Piers Faccini - Special Rider Blues - Single
06. Ariel Tintar - Es Ou Ka Sonjé - Single
07. ARIFA - Dream Keeper - Secret Poetry
08. Bernard Lavilliers & Bonga - Angola - Causes perdues et musiques tropicales
09. Bertrand Belin - La chaleur - Hypernuit
10. Ayo - And It's Supposed To Be Love - Joyful
11. K.O.G & The Zongo Brigade - Suro Nipa
12. Bibi Tanga & The Selenites - The Good Side of Your Face
13. AtHome Project - All In My Mind - Bar Lounge Classics 2 (Disc 1)